Episode 16 : Cuisine facile

Giovanni vous explique comment réaliser un délicieux bouillon de poisson au cabillaud avec des légumes sautés et du couscous perlé. Bon appétit!

Episode 16 : «Wat iesse mer? – séier gekacht», émission réalisée par RTL en luxembourgeois.

Rezept: Fëschzopp

  • 150 gr Fësch  (Cabillaud)
  • 200 gr Fësch-Karkassen
  • 400 ml Fëschfong
  • 2 Staangen Fréijoersënnen
  • 10 Tomaten (klenger)
  • 1 TL Olivenueleg
  • 50 gr Nuddelen (ideal sinn ganz klenger)
  • 1 Schallott
  • 2 Lorberblieder
  • 6 Wakelterkären
  • 10 Pefferkären
  • 1 Zweig Rosmarin
  • 2 Wuerzelen

Fëschkarkasse mat bëssen Ueleg an engem Dëppen ubroden an dann mat dem Fëschfong ofläschen. D’Schallott, eng Staang Fréijoersënnen an d’Wuerzele kleng schneiden a separat an enger Pan ubroden. Duerno d’Geméis an d’Kräider bei de Fëschfong an d’Dëppe ginn.  Dat ganzt wärend 25 Minutte kachen a reduzéiere loossen. Wärenddeems d’Nuddelen an engem aneren Dëppe kachen, de Fësch kleng schneiden an och déi zweet Fréijoersënn an d’Tomattecerises kleng schneiden. Dëst Geméis separat an en bëssen Olivenueleg ubroden. Wann de Fong reduzéiert ass dësen duerch eng Passett ofgéissen an en anert d’Dëppen. De kleng geschniddene Fësch an der passéierter Zopp 5 Minutten zéie loossen. Ofschmaachen a wierzen an dann zesumme mat den Nuddelen an dem gebrodene Geméis zerwéieren.

Voir « Wat iesse mer » sur RTL

L’émission « Wat iesse mer ? » est une émission produite et diffusée par RTL Télé Lëtzebuerg qui est parrainée par Cactus et le Ministère luxembourgeois de la Santé.